Weltwaasserdag 2024

Weltwaasserdag 2024 – ech maache mat!

Dëst Joer steet de Weltwaasserdag am Zeeche vum Fridden. Waasser ass ee Mënscherecht, ma och am Joer 2024 liewe weltwäit nach 2,2 Milliarde Mënschen ouni Zougang zu propperem Waasser. Dat féiert ëmmer erëm zu Konflikter a Krich.

Zu Lëtzebuerg ass et eng Selbstverständlechkeet, dass proppert a frëscht Drénkwaasser zu all Ament aus dem Krunn kënnt. Ma och hei am Land sinn eis Waasserressource begrenzt. Fir dass mir och an Zukunft nach genuch Waasser hunn, ass et wichteg, elo scho spuersam a responsabel mat dëser wäertvoller Ressource ëmzegoen.

Jidderee ka säin Deel dozou bäidroen an zesumme kenne mer vill bewierken!

Wéi? Méi Informatiounen fannt dir hei:

Dernière mise à jour