Liewe mam Waasser - Diskussiounsronn 1

Punktuell an diffus Anträg vun Nährstoffer an anere Verschmotzungen: Léisungsusätz fir eng besser Waasserqualitéit

Den Nohaltegkeetsministère zesumme mat der Waasserverwaltung soen villmools Merci fir Ären Interessi um Entworf vum 3. Waasserbewirtschaftungsplang. 

D’Diskussiounsronn vun dësem Donneschten, de 24.6.2021 um 18:00 Auer, dréint ëm d’Thema:

Liewe mam Waasser

Punktuell an diffus Anträg vun Nährstoffer an aner Verschmotzungen: Léisungsusäz fir eng besser Gewässerqualitéit. 
Wéi kréie mir d’Moossnamen aus dem Entworf vum 3. Waasserbewirtschaftungsplang am beschten ëmgesat?

Et huelen deel :

Luc Zwank, Directeur-adjoint vun der Waasserverwaltung;
Alexandra Arendt, Vertriederin vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt;
Claude Belche, Vertrieder vum OAI an Associé beim Bureau d‘études Schroeder&Associés;
Raymond Erpelding, Vertrieder vun der Associatioun Aluseau a Direkter vum Syndikat SIACH;
Christian Hahn, Vertrieder vun der Associatioun vun de Jongbaueren a Jongwënzer mat eegenem landwirtschaftlechem Betrib.

D’Diskussiounsronn gëtt geleet vum Här Jürgen Stoldt. Dir kënnt all Är Froen, Ureegungen an Iwwerleeungen zum Entworf vum 3. Waasserbewirtschaftungsplang aktiv iwwert d’Chatfunktioun mat abréngen. Mir freeën eis op ee flotten Echange!

Dernière mise à jour