Phase de sensibilisation

Bei laangen Dréchenten a waarmem, sonnege Wieder, biede mir all Bierger d'Benotzung vun Drénkwaasser, sou gutt wéi et geet, fir dat wesentlechst wéi Iessen an Hygiène ze reservéieren. D’Netze vu Gréngflächen, d‘Wäsche vun Autoen, d’Fëlle vu Schwämmen an all aneren Aktivitéiten déi vill Waasser brauchen, soll op e Minimum reduzéiert ginn.Den Emweltministär mécht, an Zesummenaarbecht mat dem Waasserwirtschaftsamt, en Opruff un d'Bevëlkerung de Verbrauch vun Drénkwaasser ze limitéieren an all Verschwendung dovunner ze vermeiden. E puer einfach Moossnahmen an de gesonde Mënscheverstand erméigleche schonn eng bedeitend Reduktioun vum Verbrauch.

Flyer "Sensibilisierungsphase"

Flyer "Phase de sensibilisation"

 

Weider Erklärungen:

  • Iwwerierdesch Schwämmen:
    Eng grouss Unzuel vun iwwerierdesche Schwämmen enthale méi wéi just puer m3 Waasser. Besonnesch während waarme Periode fänken eng grouss Unzuel vun Awunner un, gläichzäiteg hir Schwämmen ze fëllen, wat zu engem héije Spëtzebedarf vun Drénkwaasser féiert. Aus hygiènesche Grënn muss dat Waasser och regelméisseg ausgetosch oder desinfizéiert (chloréiert) ginn.
  • Auto wäschen:
    Professionell Wäschanlage féieren hiert Wäschwaasser an engem zouene Circuit, sou dass dat Waasser puermol benotzt ka ginn.
  • Nätzen a Bewässerung:
    Während waarmen Deeg ass d’Nätzen iwwert den Dag ze vermeiden, dëst wéinst enger héijer Verdonstung vum Waasser. Doduerch gëtt d‘Effikassitéit vun der Bewässerung limitéiert. E Wues kann duerchaus eng Drécheperiod aushalen a gëtt nom nächste Reen erëm gréng. Dofir muss de Wues während deene waarme Perioden net genat ginn.

Dernière mise à jour